Den Opsteiger Éiter/Waldbriedemes iwwerrascht weider

Um drëtte Spilldag am Lëtzebuerger Dëschtennischampionnat waren um Samschdeg 4 Partien, ënnert anerem Diddeleng géint d'Union.
Éiter/Waldbriedemes - Hueschtert/Foulscht 6:4
Den Opsteiger vun Éiter/Waldbriedemes huet och Hueschtert/Foulscht iwwerrascht. Schonns um éischte Spilldag konnt een eng 6:4 Victoire zu Iechternach verzeechnen an esou war et och um Samschdeg. Mat 6:4 konnt een iwwerraschend gewannen. De Fernand Mickaël konnt zwou weider Victoirë feieren. Mat 3:1 konnt hien den Diego Stordeur bezwéngen. Nach méi kloer war et géint den neie Spiller vun Hueschtert, den Tim Janssens, do gouf et eng 3:0 Victoire. Ma och den zweeten neie Spiller vun Éiter/Waldbriedemes, den Thibaut Besozzi, dee vum DT Fiels/Haler komm ass, konnt seng zwee Matcher kloer mat 3:0 gewannen. D'Victoire géint de Jerry Koob koum net iwwerraschend, ma iwwerraschend war d'Victoire géint den Olivier Joannes, dee sech a sengem éischte Match iwwerraschend knapps mat 3:2 géint de fréiere Landesmeeschter Daniel Wintersdorff behaapte konnt. Iwwerhaapt ass et bis elo eng ganz staark Saison vum Thibaut Besozzi, deen nach all seng Matcher an dëser Saison gewanne konnt. Schonns déi lescht Saison an der Nationale 2 hat hie mat 33 Victoiren aus 36 Matcher déi beschte Statistik. No den 8 Eenzel stoung et 5:3 fir Éiter/Waldbriedemes. D'Dubbelen hu béid Equippe sech gedeelt, esou dass et um Enn eng 6:4 Victoire fir den Opsteiger gëtt. Domat ass et dann och déi drëtt Néierlag fir Hueschtert, déi sech sécher méi erwaart hu vun dëser Saison.
Bäerbuerg - Houwald 1:6
Den zweeten Opsteiger kënnt vu Bäerbuerg, déi um zweete Spilldag och iwwerzeege konnten, do gouf et eng Victoire géint d'Union. De Knackpunkt an där Party war wuel d'Victoire vum Ronny Zeimes, dee géint de Fabio Santomauro gewanne konnt. Um Samschdeg ass et awer net esou gutt gaangen. Géigner war dës Kéier den Houwald. Den Houwald, déi sech mam Irfan Cekic verstäerkt hunn, wëllen dës Saison ëm den Titel matspillen an esou si si och opgetrueden. Um Enn ass et eng kloer 6:1 Victoire fir den Houwald. Den Éierepunkt fir Bäerbuerg konnt de Michael Schwarz sécheren, dat duerch eng 3:1 Victoire géint de Wang Xu.
Recken - Iechternach 1:6
No der Defaite zum Optakt vun der Saison gouf et um Samschdeg déi zweet Victoire hannertenee fir Iechternach. D'Equipe ëm den Traian Ciociu, dee sech ganz schwéier gedoen huet géint de jonke Joao Aguiar, wënnt um Enn kloer mat 6:1 géint den DT Recken. De Joao Aguiar, deen als ganz jonke Spiller vu Reiland op Recken gewiesselt ass, huet sech ganz gutt presentéiert géint de fréiere Landesmeeschter an aktuelle Vize-Landesmeeschter Traian Ciociu. Nodeems den Ciociu déi éischt zwee Sätz kloer gewanne konnt, huet de Spiller vu Recken sech zeréckgekämpft an ee 5. Saz erzwongen. An dësem huet sech dunn awer d'Erfahrung duerchgesat, well den Ciociu wënnt dëse Saz kloer mat 11:3. Den eenzege Punkt um Samschdeg fir Recken konnt de Louis Gira huelen, dat duerch eng knapp Victoire am 5. Saz géint de jonken Eric Thillen. Fir d'Nowuesstalent ass et déi éischt Saison zu Iechternach, hie kënnt vum Vize-Champion Ettelbréck.

D'Equipe vum DT Recken, déi ouni hir Nummer 1, de Martin Bratanov ugetruede sinn. Vu lénks no riets, de Joao Aguiar, de Louis Gira, de Chris Reuter, deen de Bratanov ersat huet a ganz riets am Bild de Mike Kraus.
Diddeleng - Union 6:4
De Champion Diddeleng huet sech um Samschdeg Owend ganz schwéier gedoe géint d'Union. D'Nummer 1 aus dem Land, de Zoltan Fejer-Konnerth konnt Diddeleng a Féierung bréngen, dat duerch eng 3:1 Victoire géint den De Sousa Arlindo. Den Alexander Fischer konnt awer fir den Ausgläich suergen, dat well hie sech mat 3:2 knapp géint de Christian Kill duerchsetze konnt. Uschléissend konnt de Gilles Michely sech iwwerraschend knapps mat 3:2 géint de Fabio Santomauro duerchsetzen. 4. Mann bei der Union war um Samschdeg de Jim Cloos, deen a Plaz vum Jules Harles gespillt huet. De jonke Clooss konnt sech mat 3:1 géint de Mike Bast behaapten. De Fejer-Konnerth huet och a sengem zweete Match d'Iwwerhand behalen, déi Kéier géint de Fischer. De Lëtzebuerger Christian Kill konnt och a senger zweeter Partie d'Hänn net an d'Luucht strecken, well hien huet sech hei mat 3:1 dem Arlindo de Sousa misse geschloe ginn. An de leschten zwee Eenzel gouf et eng victoire fir de Gilles Michely, dat géint de Cloos an de Fabio Santomauro konnt sech géint de Mike Bast duerchsetzen. Esou stoung et 4:4 an de Gewënner huet missen an den Dubbelen ermëttelt ginn. Dës konnten déi Diddelenger allen zwee gewannen, esou dass si um Enn mat 6:4 géint d'Union gewannen. De Champion steet domat zesumme mam DT Houwald un der Spëtzt vum Lëtzebuerger Championnat.