Iechternach wënnt, Hueschtert/Foulscht verléiert weider

Den Traian Ciociu an Iechternach hate keng Problemer sech géint den Opsteiger vu Bäerbuerg duerchzesetzen. / © pressphoto
Um Samschdeg waren zwou Partië vum 4. Spilldag am Lëtzebuerger Dëschtennis-Championnat.
Iechternach - Bäerbuerg 6:1
Iechternach huet sech um Samschdeg net iwwerrasche gelooss vum Opsteiger vu Bäerbuerg. Si gewannen um Enn ganz kloer mat 6:1. Dobäi huet et no den éischten zwee Eenzel nach ganz gutt ausgesi fir den Opsteiger. De Ronny Zeimes huet sech zwar mat 1:3 géint de fréiere Landesmeeschter Traian Ciociu geschloe ginn, ma de Mirko Habel konnt sech kloer mat 3:0 géint de Kevin Kubica duerchsetzen, esou stoung et 1:1. Ma dëse Punkt, deen den Habel erkämpft huet, sollt dee leschte bleiwen. Den Opsteiger konnt och nëmme méi zwee Sätz gewannen an dës konnt den Habel gewannen am Match géint den Traian Ciociu. De Spiller vu Bäerbuerg huet sech dem Lëtzebuerger Nationaltrainer um Enn awer mat 2:3 geschloe ginn.
Hueschtert/Foulscht - Recken 4:6
Et war d'Duell tëscht deenen zwou Equippen, déi déi éischt dräi Spilldeeg kee Match gewanne konnten. Hueschtert/Foulscht ass um Samschdeg ouni hir Nummer 4, de Jerry Koob ugetrueden. Am éischten Eenzel konnt den Tim Janssens, dee bis ewell hannert den Erwaardungen zeréckbliwwen ass, eng 3:1-Victoire géint de Mike Kraus feieren. Ma d'Nummer 1 vu Recken, de Martin Bratanov konnt d'Partie duerch ee kloert 3:0 géint den Diego Stordeur ausgläichen.
De jonke Joao Aguiar huet sech gutt geschloe géint den Olivier Joannes. De Spiller vun Hueschtert steet op der 8. Plaz an der Verbandranglëscht an hat seng Problemer mam Aguiar. Um Enn ass et dann awer eng 3:1 Victoire fir de Spiller vun Hueschtert/Foulscht. De Loïc Piquard, deen de Jerry Koob ersat huet, konnt um Samschdeg kee vu senge béide Matcher gewannen. Hien huet sech géint Louis Gira an de Joao Aguiar misse geschloe ginn.
An enger spannender an enker Partie konnt de Martin Bratanov sech mat 3:2 géint den Tim Janssens duerchsetzen. No den 8 Eenzel stoung et 4:4, esou dass de Gewënner an den Dubbelen huet missen ermëttelt ginn. Hei waren et iwwerraschenderweis déi Reckener, déi béid Dubbele fir sech entscheede konnten an domat déi éischt Victoire an dëser Saison feiere kënnen. Hueschtert/Foulscht rutscht mat dëser Néierlag nach méi déif an d'Kris.
Um Sonndeg sinn nach zwou Partien, hei spillt d'Union géint den iwwerraschend staarken Opsteiger vun Éiter/Waldbriedemes an de Champion Diddeleng muss géint den Houwald untrieden. Béid Matcher ginn um Sonndeg um 16.00 Auer lass.
Déi aktuell Tabell:
Pt | Sp | G | U | V | F | |
Iechternach | 10 | 4 | 3 | 0 | 1 | 0 |
Diddeleng | 9 | 3 | 3 | 0 | 0 | 0 |
Houwald | 9 | 3 | 3 | 0 | 0 | 0 |
Éiter-Waldbriedemes | 7 | 3 | 2 | 0 | 1 | 0 |
Bäerbuerg | 6 | 4 | 1 | 0 | 3 | 0 |
Recken | 6 | 4 | 1 | 0 | 3 | 0 |
Union-Lëtzebuerg | 5 | 3 | 1 | 0 | 2 | 0 |
Hueschtert-Folscht | 4 | 4 | 0 | 0 | 4 | 0 |