Lëtzebuerger Volleyballspiller am Ausland
Victoire fir d'Annalena Mach an de Gilles Braas

D'Annalena Mach am Asaz mat der Nationalequipe. / © pressphoto (Archiv)
E Samschdeg war an der Däitscher Volleyball-Bundesliga den Optakt vun der Saison. Wiesbaden an Düren hu gewonnen.
D'Annalena Mach huet mat hirer Equipe Wiesbaden däitlech mat 3:0 géint Suhl gewonnen. Düren mam Gilles Brass konnt sech iwwerraschend 3:0 géint den aktuelle Champion Berlin behaapten.
Am belsche Championnat huet de Kamil Rychlicki mat Maaseik 3:2 zu Gent gewonnen.
Am meeschte gelies