Houwald an Diddeleng gi mat engem 5:5 ausernaner

© RTL (Archiv)
Um 4. Spilldag am nationalen Dëschtennischampionnat stounge sech an der Spëtzepartie den Houwald an Diddeleng géigeniwwer.
Béid Equippen hu bis ewell nach keng Partie dës Saison verluer. Och nom 4. Spilldag ass dat weider de Fall. Den Houwald an Diddeleng trenne sech nämlech mat engem 5:5. Den Houwald huet de Champion ënner Drock gesat an huet iwwer wäit Strécke wéi de Gewënner ausgesinn.
Nodeems et 2:2 stoung, huet de Marc Dielissen et fäerdeg bruecht de Gilles Michely, dee liicht ugeschloe war, a 4 Sätz ze bezwéngen. Um Dësch niewendrun huet den Irfan Cekic sech no 5 knappe Sätz géint de Zoltan Fejer-Konnerth duerchgesat. D'Lokalformatioun loung du mat 4:2 a Féierung. Diddeleng huet duerno awer weider gekämpft. De Christian Kill huet géint den Ademir Balaban gewonnen an de Cheng Xia huet de Mike Past geklappt. D'Decisioun huet missen an den Dubbelpartië falen. Hei huet de Champion d'Nerve behalen a gläicht um Enn op 5:5 aus. Den Houwald an Diddeleng sti mat 11 Punkten zesummen un der Spëtzt vun der Tabell.
PDF: Feuille de Match Houwald-Diddeleng
An der zweeter Partie um Sonndeg gouf et och e 5:5 an dat tëscht der Union an dem Opsteiger Éiter-Waldbriedemes.
PDF: Feuille de Match Union-Éiter-Waldbriedemes