Um 5. Spilldag am Volleyballchampionnat konnt sech de Stroossen zu Péiteng mat 3:0 behaapten.

No den 2 Defaitten direkt am Ufank vun der Saison kënnt de Champion Stroossen ëmmer besser an d'Saison. Zu Péiteng gouf et déi 3 Victoire noeneen. An de Sätz hunn d'Häre vu Stroossen op 15, 17 an 18 gewonnen.

De Chev Dikrech zitt mat 0:3 géint Bartreng de Kierzeren. Och wann d'Resultat kloer ausgesäit, sou war et virun allem an den éischten 2 Sätz ganz serréiert. Béid Kéieren ass et an d'Verlängerung gaangen. D'Nues fir hat ëmmer Bartreng, den 1. Saz wanne si mat 28:26 an den 2. mat 27:25. Am drëtte Saz war d'Saach du méi kloer, dëse gewannen d'Gäscht mat 25:11.

Luerenzweiler konnt no der Victoire am Ufank vun der Saison géint Stroossen e Samschdeg den Owend fir eng weider Iwwerraschung suergen. Si gewannen nämlech zu Walfer mat 3:0. Luerenzweiler gewënnt déi eenzel Sätz mat 25:22, 25:21 an 25:20. Ee vun de beschte Spiller um Terrain war de Chris Zuidberg, dee jo vum Januar un an der 1. Däitscher Bundesliga wäert spillen.

Fir Fenteng gouf et zu Esch eng 3:1 Victoire. Ee vun de Favoritten op den Titel setzt sech an de Sätz mat 25:22, 20:25, 25:21 an 25:17 duerch.

Bei den Dammen do gouf et déi erwaarten 3:0 Victoire (25:18, 25:13, 25:19) fir Walfer géint Stengefort. D'Damme vu Walfer hunn dës Saison nach all Partie gewonnen an hunn nëmmen 1 Saz missen ofginn.

Kloer war et och am Match tëscht Péiteng a Stroossen. D'Gäscht gewannen 3:0 (25:17, 25:22, 25:16).

De Chev Dikrech setzt sech mat 3:0 (25:18, 25:12, 25:18) géint Mamer duerch.

Um Samschdeg ware mam Annalena Mach, dem Gilles Braas an dem Kamil Rychlicki och 3 Lëtzebuerger am Ausland am Asaz.