Käerjeng: Fokus zeréck op de Lëtzebuerger Championnat
Ënnert dem Numm "Roude Léiw Käerjeng" huet eng Lëtzebuerger Dammenequipe an Däitschland matgespillt. Elo sinn d'Spillerinnen zeréck am Grand-Duché.
No 12 Joer ass d'Experiment Roude Léiw Käerjeng am däitsche Championnat eriwwer. Vill vun de Lëtzebuerger Damme spillen elo nees am Lëtzebuerger Handballchampionnat.
Ëmmer manner Lëtzebuerger Meedercher ware bereet, déi grouss Strapazen a laang Reesen op de Weekender op sech ze huelen, fir an Däitschland an der drëtter Bundesliga ze spillen. Dowéinst huet een zu Käerjeng decidéiert, datt Experiment op Äis ze leeën an d'Meedercher nees am Lëtzebuerger Championnat spillen ze loossen.
Hei konnte si sech e Samschdeg mat 25:14 géint den aktuelle Champion HB Museldall duerchsetzen.