Bäerbuerg klappt Recken, Diddeleng weider ongeschloen

Grouss Freed bei Bäerbuerg nom erléisende 6:4. / © Yannick Zuidberg
Um Sonndeg waren zwou Partien am nationalen Dëschtennis-Championnat.
Als éischt war d'Partie vum 5. Spilldag tëscht Diddeleng an Iechternach an da war nach eng virgezunne Partie vum 6. Spilldag, wou den DT Recken et mam Opsteiger Bäerbuerg ze di krut.
DT Diddeleng - DT Iechternach 6:2
Den amtéierende Champion Diddeleng ass gutt an d'Partie gestart, dat well de fréieren däitschen Nationalspiller Zoltan Fejer-Konnerth sech ewéi erwaart mat 3:1 géint de fréiere Landesmeeschter Traian Ciociu duerchsetze konnt. Och an der zweeter Partie konnten d'Diddelenger d'Iwwerhand behalen. Hei konnt de Lëtzebuerger Christian Kill sech géint de liicht favoriséierten Evgheni Dadechin mat 3:1 behaapten.
Da gouf et am drëtte Match eng weider 3:1 Victoire fir Diddeleng, dat well de Gilles Michely sech géint den Eric thillen duerchsetze konnt.
Ma am véierte Match konnt de Kevin Kubica fir Iechternach verkierzen. Hie gewënnt 3:1 géint de Mike Bast.
Uschléissend konnt de Fejer-Konnerth kloer mat 3:0 géint den Evgheni Dadechin gewannen. Iechternach hat sech awer nach net opginn. Den Diddelenger Christian Kill huet sech no spannende 4 Sätz missen dem Traian Ciociu geschloe ginn.
An de leschten zwee Eenzel huet Diddeleng dunn alles kloer gemaach. De Gilles Michely huet dem Kevin Kubica absolut keng Chance gelooss an de Mike Bast konnt sech an enger ganz enker Partie mat 3:2 géint de jonken Eric Thillen duerchsetzen.
Diddeleng bleift domat ongeschloen, genau ewéi den Houwald, mat deenen Diddeleng och d'Tabellespëtzt deele muss.
PDF: De Communique vun der Federatioun zum 5. Spilldag
DT Recken - DT Bäerbuerg 4:6
An den éischten zwee Eenzel waren d'Rolle kloer verdeelt. De Reckener Martin Bratanov war kloer favoriséiert géint de Luc Michely an de Mirko Habel, de Spiller vu Bäerbuerg sollt och keng gréisser Problemer mam Louis Gira kréien. Esou ass et dunn och komm, d'Nummer 1 vu béide Veräiner konnte sech kloer mat 3:0 duerchsetzen, esou dass et no den éischten zwee Eenzel 1:1 stoung.
An de Matcher 3 a 4 huet et dunn awer net méi esou gutt ausgesi fir den DT Recken, dat well de Mike Kraus, dee géint de Ronny Zeimes eigentlech favoriséiert war, siichtlech Problemer mam Arm hat, esou dass hie genau ewéi säin Teamkomerod, de Joao Aguiar den éischte Saz huet missen ofginn.

De Mike Kraus (riets) héich konzentréiert am Match géint de Ronny Zeimes (lénks). / © Yannick Zuidberg
De Ronny Zeimes huet sech dovunner awer net aus dem Spill brénge gelooss an hat kee Matleed a konnt sech och den zweete Saz sécheren. Fir den zweete Reckener, de Joao Aguiar ass den zweete Saz och net gutt verlaf, hien huet dëse mat 3:11 missen un de Michael Schwarz ofginn.

Lénks am Bild, de Michael Schwarz a riets säi Géigner de Joao Aguiar. / © Yannick Zuidberg
Den Aguiar konnt zwar den drëtte Saz gewannen, ma am véierte Saz huet de Schwarz alles kloer gemaach an duerch een 11:1 Sazgewënn de Match fir sech entscheet. De Mike Kraus huet dat besser gemeeschtert. No engem 0:2 Réckstand huet hien d'Partie duerch eng kämpferesch staark Leeschtung gedréit an am 5. Saz awer nach gewonnen.
Uschléissend koum et zum Duell vun de béide Spëtzespiller vun den zwou Equippen, Bratanov géint Habel. De Mirko Habel huet dem Belsch keng Chance gelooss an de Match kloer mat 3:0 fir sech entscheed.

De Martin Bratanov um Service géint de Mirko Habel. / © Yannick Zuidberg
Um Dësch niewendru war d'Partie tëscht dem Louis Gira an dem Luc Michely. Den éischte Saz goung un de Michely, deen och am zweete Saz mat 8 zu 4 wäit vir war, ma de Louis Gira konnt no Sätz ausgläichen. D'Entscheedung huet am 5. a leschte Saz misse falen. Hei war dem Gira wuel e bëssen d'Loft ausgaangen. Mat 11 zu 2 ass de Saz un de Michely gaangen.

© Yannick Zuidberg
Et sollt enk gi fir d'Lokalequipe, virun allem well de jonke Michael Schwarz de Score op 5:2 fir Bäerbuerg erhéicht huet, dat no der 3:0 Victoire géint de Mike Kraus.

© Yannick Zuidberg
Am leschten Eenzel houng d'Reckener Hoffnung um Joao Aguiar. De jonke Spiller hat et mam Ronny Zeimes ze dinn, deen awer ee ganz gudden Start erwëscht hat an de a séier mat 2:0 an de Sätz virlouch. De Spiller vu Recken huet awer net opginn an huet ee 5. an entscheedende Saz erzwongen an och hei konnt hie d'Iwwerhand behalen an de Match dréinen. Et stoung elo 5:3 fir Bäerbuerg.

De Joao Aguiar (lénks) konnt de Krimi géint de Ronny Zeimes (riets) fir sech entscheeden. / © Yannick Zuidberg
Et huet also missen an d'Dubbele goen. Hei ass d'Koppel Gira/Aguiar géint d'Koppel Zeimes/Michely ugetrueden a Kraus/Bratanov haten et mat Habel/Schwarz ze dinn.
D'Koppel Gira/Aguiar konnten ee ganz enke Match am 5. saz fir sech entscheeden an esou op 4:5 verkierzen.
De Kraus an de Bratanov hu sech awer a 5 Sätz géint Habel a Schwarz misse geschloe ginn, esou dass deen zweeten Dubbel d'Entscheedung bruecht huet. Et ass um Enn eng knapp 6:4 Victoire fir den Opsteiger vu Bäerbuerg.
LINK: All d'Resultater an d'Tabell am Iwwerbléck