20-20 trenne sech d'Lëtzebuerger Nationalequipe a Griichenland bei engem Frëndschaftsmatch.

D’WM-Qualifikatioun vun der Lëtzebuerger Handball Nationalequipe fänkt e Mëttwoch un an dat géint Finnland. D’Weltmeeschterschaft selwer gëtt 2019 an Däitschland gespillt.

Fir d’Qualifikatiouns-Matcher ze preparéieren, war e Sonndeg den Owend en Testmatch géint Griicheland. Viru 500 Spectateuren zu Esch Lalleng hu Lëtzebuerg a Griichenland 20-20 gläich gespillt. D’Lëtzebuerger si mat enger kompletter Equipe ugetrueden, ausser déi blesséiert Max Kohl a Sacha Pulli.

No enger Véierelstonn stoung et  4-4 gläich. Et si net vill Goaler gefall, mä den Niveau war ganz an der Rei. An der Paus waren d’Visiteuren 9-8 am Avantage.

RTL

© Serge Olmo

Nom Säitewiessel waren d’Griiche staark an der Defense a iwwer gewësse Phasë präzis beim Worf. No 51 Minutte waren si 5 Goaler vir.

D’FLH-Selektioun huet sech an der Schlussphas eru gekämpft. De Yann Hoffmann huet quasi an der leschter Sekonn den 20-20 marquéiert.

Déi rout Léiwe ware selwer awer och gutt an der Defense. Am Ugrëff dogéint ass nach vill Loft no uewen.

Beschte Lëtzebuerger Butteur war den Tommy Wirtz mat 4 Goaler.

Et war den éischten Match ënner dem neien Nationaltrainer Maik Handschke.