Am Volleyball gouf et weider fir d'Annalena Mach eng Defaite a fir de Kamil Rychlicki eng Victoire.

Fir den Thomas Grün gouf et mat Tréier an der 2. däitscher Bundesliga eng 65:77 Néierlag géint Chemnitz. De Lëtzebuerger huet 11 Punkte markéiert.

Net gutt gelaf ass et och fir den Alex Laurent. De Neo-Profi, deen am Summer vu Steesel bei d'Den Helder Suns an Holland gewiesselt ass, verléiert um Samschdeg mat 67 op 85 géint Amsterdam. De Lëtzebuerger huet mat 8 Punkten a 9 Punkten op sech opmierksam gemaach. Seng Equipe konnt nach keen vun den éischte fënnef Matcher am Championnat gewannen.

An der Däitscher Volleyball-Bundesliga verléiert d'Annalena Mach mat Wiesbaden 1:3 géint den Dresdner SC. An der Belsch gewënnt Maaseik mam Kamil Rychlicki 3:0 zu Roeselare. An um Sonndeg gouf et fir de Gilles Braas mat Düren eng 3:1-Victoire géint d'United Volleys RheinMain.