Handball WM-Qualifikatioun
Lëtzebuerg ouni Chance géint d'Slowakei

D'Slowake freeë sech iwwer hir Victoire.
Um Sonndeg huet d'Lëtzebuerger Nationalequipe am Kader vun der WM-Qualifikatioun an der Slowakei gespillt.
Nodeems een an der 1. Partie nach eng Victoire verschenkt hat, war um Sonndeg géint d'Slowakei vun Ufank un net un eng Victoire ze denken. Schonns no 10 Minutte louch ee mat 2:7 zeréck.
Um Enn war et eng ganz kloer Affär fir d'Lokalequipe. D'Slowake wannen um Enn mat 36 op 19 géint d'Rout Léiwen.
Am meeschte gelies