Diddeleng an Houwald weider am Gläichschratt

Um Sonndeg waren nach zwou Partien am nationalen Dëschtennis-Championnat.
Houwald - Éiter/Waldbriedemes 6:2
Den Houwald krut um Sonndeg Besuch vum Opsteiger Éiter/Waldbriedemes. Hei sollt d'Equipe ëm den Irfan Cekic keng grouss Problemer kréien.
Den Irfan Cekic konnt sech am éischte Simpel ganz kloer mat 3:0 géint de Kevin Jäger behaapten. Um Dësch niewendrun huet sech den Ademir Balaban awer ee gutt Stéck méi schwéier gedoe mat sengem Géigner. Hien hat et mam Mickaël Fernand ze dinn. Um Enn wënnt de Spiller vum Houwald mat 3:2.
De fréiere Landesmeeschter Daniel Wintersdorff huet sech dem Marc Dielisse misse geschloen ginn, esouwuel ewéi och dem Wang Xu.
Déi zwee Punkte fir den Opsteiger huet hir Liewensversécherung, den Thibaut Besozzi gemaach. Hie wënnt seng zwee Matcher, dat géint de Wang Xu mat 3:2 an 3:0 géint de Marc Dielissen.
Den Irfan Cekic vum Houwald, awer och den Thibaut Besozzi vum Opsteiger hunn allebéid nach kee Match dës Saison verluer.
PDF: D'Resultat am Detail: Houwald-Eiter/Waldbriedemes 6:2
Hueschtert/Foulscht - DT Diddeleng 3:6
Hueschtert ka weider net gewannen, mee géint den amtéierende Champion Diddeleng ass dat och net selbstverständlech. Ma den Tabelleleschten huet sech um Sonndeg ganz gutt geschloen. Virun allem den Olivier Joannes, deen dës Saison bis elo net iwwerzeege konnt, konnt um Sonndeg d'Nummer 1 an d'Nummer 2 vun der Verbandranglëscht schloen.
Mat 3:1 wënnt hie géint de fréiere Landesmeeschter Gilles Michely a ganz kloer mat 3:0 wënnt hie ganz iwwerraschend géint de Zoltan Fejer-Konnerth.
De Gilles Michely war um Sonndeg net richteg a Form, well hien huet sech och a sengem zweeten Eenzel sengem Géigner misse geschloe ginn. Déi Kéier verléiert hie géint den Tim Janssens an dat mat 2:3.
Méi ewéi 3 Victoirë sollten et awer net gi fir Hueschtert. De Mike Bast an de Christian Kill konnten allebéid hir zwee Eenzel géint Koob a Stordeur gewannen. De Fejer-Konnerth konnt sech géint de Janssens behaapten an de Christian Kill konnt zesumme mam Fejer-Konnerth den Dubbel géint d'Koppel Joannes/Stordeur gewannen.
PDF: D'Resultat am Detail: Hueschtert/Foulscht-Diddeleng 3:6