Beim Internationalen Para-Dëschtennisturnéier zu Sint Niklaas an der Belsch sinn de Max Schmit an de Roby Mangen fir Lëtzebuerg ugetrueden.

Si hunn allebéid an der Klass 8 gespillt, wou 18 Spiller a 5 Gruppen opgedeelt goufen. 13 vun de 15 Spiller stinn an der Weltranglëscht an den Top90.

De Max Schmit huet a senger Grupp géint den Elia Debeyssac aus Frankräich gespillt, Nummer 19 op der Welt, géint den Yoshihisa Takeda aus Japan (Nr46) an de Ryan Henry aus Groussbritannien (Nr75). De Match géint de Ryan Henry huet de Lëtzebuerger mat 3-2 gewonnen. Déi zwee aner Matcher huet hien all Kéiers mat 1-3 verluer. Domat stoung hien a senger Grupp um Enn op Plaz 3 a konnt sech net fir d'KO-Ronn qualifizéieren.

RTL

De Roby Mangen fir säin Deel hat et a senger Grupp mat dem Italiener Samuel De Chiara ze dinn, dem Joshua Wagner aus Däitschland an dem Hyeonggwon Kim aus Korea. Hie konnt leider kee Saz fir sech entscheeden an huet all d'Matcher mat 0-3 verluer. Domat gëtt hien de 4. a senger Grupp a war domat och eliminéiert.

RTL

Am Dubbel si béid Athleten dunn nach an enger 3er-Grupp géint 2 Japaner a géint eng italo/kanadesch Equipe ugetrueden. Béid Matcher gi mat 0-3, respektiv 1-3 verluer an domat war den Tournoi fir d'Lëtzebuerger gelaf.