En Dënschdeg den Owend war am Handball en Nodrosmatch vum 3. Spilldag.

Käerjeng huet mat 27:22 géint déi Déifferdenger Red Boys gewonnen. Et war e wichtege Match fir béid Equippen, well si allebéid de leschte Weekend verluer haten.

An der Paus war Käerjeng 14-10 am Avantage. Den Ënnerscheed huet virun allem déi gutt defensiv Aarbecht vun der Lokalequipe gemaach.

No 46 Minutte waren déi Käerjenger 10 Goaler vir bei 23-13. Dat hat no Virentscheedung ausgesinn.

An der Schlussphas sinn déi Déifferdenger méi no erukomm, mä d'Lokalequipe huet de kale Kapp behalen.

De beschte Marqueur war de Senjin Kratovic vun de Red Boys mat 6 Goaler.