Zwou Partië vum 7. Spilldag am nationalen Dëschtennis-Championnat goufen um Samschdeg gespillt.

Um Samschdeg koum et zum Duell tëscht den zwee Opsteiger, déi sech bis elo ganz monter geschloen hunn an der lafender Saison. An der zweeter Partie huet Iechternach géint den Houwald missen untrieden.

Éiter/Waldbriedemes - Bäerbuerg 4:6

D'Liewensversécherung vun Éiter/Waldbriedemes, den Thibaut Besozzi bleift weider ongeschloen. De fréiere Spiller vum DT Fiels/Haler konnt sech um Samschdeg mat 3:1 géint de Ronny Zeimes a mat 3:2 géint de jonke Michael Schwarz behaapten. Géint de Schwarz louch hien esouguer mat 0:2 zeréck an de Sätz, huet sech awer zeréckgekämpft a behält seng wäiss West. Ma och de Mickaël Fernand konnt iwwerzeegen bei Éiter/Waldbriedemes. Hie mécht zwee weider Punkte fir den Tabellendrëtten. Hie wënnt béid Matcher kloer mat 3:0, dat géint de Luc Michely a ganz iwwerraschend géint de Mirko Habel, d'Nummer 9 an der Verbandsranglëscht a Finalist vum Kriterium leschte Weekend. Allerdéngs hunn de Kevin Jäger an den Daniel Wintersdorff allebéid hir zwee Matcher verluer, esou dass et 4:4 stoung an et huet missen d'Dubbele goen. D'Koppel Habel/Schwarz konnt den éischten Dubbel kloer mat 3:0 géint Fernand a Besozzi gewannen. Am zweeten an entscheedenden Dubbel war et méi enk. Déi éischt zwee Sätz sinn un Éiter/Waldbriedemes gaangen, ma d'Koppel Zeimes/Michely huet ee 5 Saz erzwongen an dësen och gewonnen, esou geet de Match mat engem 6:4 fir Bäerbuerg op en Enn.

Houwald - Iechternach 6:3

Den Houwald léisst weider näischt ubrennen. Um Samschdeg konnte si sech mat 6:3 doheem géint Iechternach behaapten. Den Irfan Cekic, d'Nummer 1 vum Houwalder Dëschtennisveräin bleift am Championnat weider ongeschloen. Nodeems hie leschte Weekend beim Kriterium seng éischt Néierlag fir dës Saison huet misse verkraaften, dat géint de Mirko Habel, war hien um Samschdeg erëm a senger gewinnter Form. Hie wënnt seng béid Matcher mat 3:1, dat géint de Kevin Kubica an och géint de fréiere Landesmeeschter Traian Ciociu. Op Säite vun Iechternach hat den Evgheni Dadechin ee gudden Dag erwëscht, hie wënnt seng Partië géint de Wang Xu an de Marc Dielissen. Den drëtte Punkt fir Iechternach konnt den Traian Ciociu sécheren duerch eng Victoire géint de jonken Ademir Balaban.

Um Sonndeg klappt Diddeleng Recken mat 6:0 an Hueschtert/Folscht wënnt 6:2 op der Union.
D'Tabell no de Matcher vum Samschdeg: