Am Volleyball gouf et fir de Gilles Braas mat Düren eng kloer Defaite an de Kamil Rychlicki gewënnt mat Maaseik géint de Leader am Championnat.

An der däitscher Volleyball-Bundesliga verléiert de Gilles Braas mat Düren 0:3 (16:25, 17:25 an 22:25) zu Ludwigshafen. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf am 2. an am 3. Saz agesat, huet awer kee Punkt markéiert.

Am Championnat an der Belsch gewënnt de Kamil Rychlicki mat Maaseik auswäerts 3:1 (25:23, 25:19 a 25:19) géint Lindemans Aalst, den aktuelle Leader an der Tabell. De Lëtzebuerger huet 11 Punkte markéiert.
D’ Annalena Mach an de VC Wiesbaden trieden no engem 3:1 beim VC Olympia Berlin leschte Freideg, e Sonndeg de Mëtteg nach géint Potsdam un.