E Mëttwoch den Owend war de VC Stroossen an der zweeter Ronn vum Challenge Cup géint Levski Sofia gefuerdert.

AUDIO: Stroossen verléiert géint Sofia / Reportage Marc Burelbach

Stroossen muss sech am Allermatch géint Levski Sofia mat 1:3 (25:22, 16:25, 20:25 an 20:25) geschloe ginn.

Stroossen huet gutt géint déi jonk Equipe aus Bulgarien ugefaangen. Den éischte Saz konnt de Lëtzebuerger Champion no 27 Minutte mat 25:22 fir sech entscheeden.

De Start an den zweete Saz war net esou gutt. Séier lounge Lentz a Co. mat 1:5 hannen. Dëse Réckstand konnt Stroossen am Verlaf vum Saz net méi gutt maachen a muss dëse mat 16:25 u Sofia ofginn.

Am drëtte Saz loung ee beim éischten techneschen Time-out nach mat 8:7 a Féierung, duerno hunn d'Gäscht méi konstant gespillt a konnte sech op 3 Punkten ofsetzen. Bei 14:15 war een nees op 1 Punkt drun, ma fir u Sofia laanscht ze zéien ass et net duergaangen. Beim Tëschestand vu 24:20 haten d'Bulgare 4 Sazbäll, si konnten direkt den éischten notzen, fir de Saz mat 25:20 ze gewannen a mat 2:1 an de Sätz a Féierung ze goen.

Den Ufank vum véierte Saz war tëscht Stroossen a Sofia ausgeglach. Duerno konnte sech d'Gäscht tëschenduerch op 11:7 ofsetzen, ma d'Lokalequipe konnt sech erukämpfen an op 11:11 ausgläichen. De Stroossener ass et allerdéngs net gelongen, laanscht Sofia ze zéien. Si verléieren och dëse Saz mat 20:25 a musse sech mat 1:3 geschloe ginn.

De Retourmatch vun der 1/16-Finall tëscht Stroossen a Sofia gëtt e Mëttwoch zu Sofia a Bulgarien gespillt.

[widget type="sport/sportstreaming/20171122"]

RTL

© Screenshot