Den Dëschtennis Diddeleng huet dann och schonn en Ersatz fonnt. De Fabio Santomauro wiesselt vun der Union op Diddeleng.

No 5 ganz erfollegräiche Jore mat 4 Championstitelen an 3 Victoiren an der Coupe zitt de Mike Bast um Enn vun der Saison e Schlussstréch ënnert seng aktiv Karriär zu Diddeleng. Déi Responsabel vum Diddelenger Dëschtennisveräin bedaueren d'Decisioun vun hirem Spiller a sinn him dankbar fir säin Asaz an de leschte Joren.

De Mike Bast gëtt déi nächst Saison vum Fabio Santomauro ersat. Hie spillt dës Saison nach bei der Union Lëtzebuerg.