Houwald wënnt souverän géint Bäerbuerg

Den DT Houwald mam Ademir Balaban bleiwe weider ongeschloen un der Tabellespëtzt. / © FLTT
Um Samschdeg stoung den 8. Spilldag am Dëschtennis-Championnat um Programm, esou ewéi och eng virgezunne Partie vum 10. Spilldag.
Den DT Houwald weider un der Spëtzt. Union wënnt am Kellerduell géint Recken an den Opsteiger Éiter/Waldbriedemes verléiert mat 3:6 géint Iechternach.
Union Lëtzebuerg - DT Recken 6:3
D'Union ka sech ouni den Arlindo de Sousa mat 6:3 géint Recken behaapten. De jonke Joao Aguiar konnt op Säite vum DT Recken awer op sech opmierksam maachen, dat duerch seng zwou Victoiren a sengen Eenzel. Déi éischt Victoire konnt hie géint de Jérôme Scheuer feieren, ma méi iwwerraschend war den Erfolleg géint de Jim Cloos. Béid Matcher konnt hie mat 3:0 fir sech entscheeden. Den drëtten a leschte Punkt fir Recken konnt de Mike Kraus markéieren, dat well hien dem Jérôme Scheuer keng Chance gelooss huet. Domat rutscht Recken weider an de Keller a steet elo op der zweetleschter Plaz an der Tabell.
PDF: Feuille d'arbitrage vun der Partie Union géint Recken
DT Houwald - DT Bäerbuerg 6:2
Déi éischt zwee Eenzel hu béid Equippe sech gedeelt, wat keng Iwwerraschung war. Den Irfan Cekic konnt sech kloer géint de Luc Michely behaapten an de Mirko Habel hat keng Problemer géint den Cheng Xia.
Déi nächst véier Eenzel sollten allerdéngs un den Tabelleleader vum Houwald goen. Dat, well den Ademir Balaban sech géint de Ronny Zeimes behaapte konnt an de Marc Dielissen huet sech an enger enker Partie géint de Michael Schwarz duerchgesat. Den Irfan Cekic bleift am Championnat weider ongeschloen. De Spiller vum Houwald wënnt knapps mat 3:2 géint de Mirko Habel, géint deen hie beim Kriterium seng éischt a bis elo eenzeg Néierlag dës Saison huet missen akzeptéieren. Uschléissend huet den Cheng Xia 3:0 géint de Luc Michely gewonnen.
De Michael Schwarz huet nach fir een zweete Punkt fir den Opsteiger gesuergt, dat duerch seng Victoire géint den Ademir Balaban. De Marc Dielissen huet mat senger 3:1 Victoire géint de Ronny Zeimes fir de 6:2 fir den Houwald gesuergt.
PDF: Feuille d'arbitrage vun der Partie Houwald géint Bäerbuerg
DT Éiter/Waldbriedemes - DT Iechternach 3:6
Um 8. Spilldag war et d'Neioplag vum 1. Spilldag vun dëser Saison. Deemools, den 23. September konnt den Opsteiger sech nach mat 6:4 géint Iechternach behaapten. Ma aus dëser Defaite haten déi Iechternacher geléiert. Beim éischte Rendez-vous hat een den Traian Ciociu an den Evgheni Dadechin vir opgesat. Um Samschdeg hu si den Dadechin hannen opgestallt an dëst huet Wierkung gewisen, dat well den Dadechin sech géint den Thibaut Besozzi behaapte konnt, deen domat déi éischt Partie fir dës Saison verléiert. Och wann de Mickaël Fernand an den Thibaut Besozzi awer nach 3 Punkten zesumme gemaach hunn, sollt et déi Kéier net duergoe fir ze gewannen, dat well de Kevin Jaeger an de fréiere Landesmeeschter Daniel Wintersdorff allebéid hir zwou Partië verluer hunn. Domat stoung et virun den Dubbelen 5:3 zu Gonschte vun Iechternach. Iechternach konnt den éischten Dubbel fir sech entscheeden a wënnt esou mat 6:3 géint Éiter/Waldbriedemes.
Dëst ass déi drëtt Néierlag hannertenee fir den Opsteiger Éiter/Waldbriedemes, déi esou gutt an d'Saison gestart waren. Domat sti si nëmme méi op der 5. Plaz am Championnat an Iechternach klëmmt op déi drëtt Plaz.
PDF: Feuille d'arbitrage vun der Partie Éiter/Waldbriedemes géint Iechternach