Lëtzebuerger Volleyballer am Ausland
Victoirë fir Annalena Mach a Kamil Rychlicki

© pressphoto (Archiv)
An der däitscher Coupe steet d'Annalena Mach mat Wiesbaden no der 3:1-Victoire géint Suhl an der Halleffinall.
Wiesbaden setzt sech an de Sätz mat 25:21, 25:11, 23:25 an 25:21 géint Suhl duerch. D'Annalena Mach hat e kuerzen Optrëtt am 4. Saz.
Am Championnat an der Belsch huet de Kamil Rychlicki mat Maaseik 3:0 géint Zoersel gewonn.
Am meeschte gelies