Den HC Bierchem gewënnt géint Samot aus Serbien a ka sech no de Red Boys fir den nächsten Tour qualifizéieren.

Och am Retourmatch ka sech Bierchem däitlech géint Samot duerchsetzen a gewënnt mat 33:24. Domat steet Bierchem wéi d'Red Boys an den Aachtelsfinalle vum EHF Challenge Cup. Um Samschdeg konnte se jo schonn den Allermatch mat 26:21 fir sech entscheeden.

AUDIO: Handball: Tirage vum Challenge Cup en Dënschdeg

En Dënschdeg de Moien um 11 Auer ass d'Auslousung vun den Aachtelsfinalle vum Challenge Cup. An dësen Aachtelsfinalle stinn och zwee Lëtzebuerger Veräiner. Et sinn dat d'Red Boys an den HC Bierchem. Si leien an zwee ënnerschiddlechen Dëppen.

Theoretesch kéint et an der Ronn vun de leschte 16 och zu engem Lëtzebuerger Duell kommen.