Bierchem géint Zaporozhye, Red Boys géint Dynamo Victor

© Serge Olmo
En Dënschdeg de Moien um 11 Auer war d'Auslousung vun den Aachtelsfinalle vum Challenge Cup am Handball.
Bierchem kritt et do mat Zaporozhye aus der Ukrain ze dinn.
An d'Red Boys spille géint Dynamo Victor aus Russland.
Dës Aachtelsfinalle sinn eréischt Mëtt Februar.
Theoretesch hätt et kënnen et an der Ronn vun de leschte 16 och zu engem Lëtzebuerger Duell kommen.
Den HC Bierchem hat sech nämlech géint Samot aus Serbien qualifizéiert nodeem och d'Red Boys en Tour weider koumen.
Och am Retourmatch konnt sech Bierchem däitlech géint Samot duerchsetzen an dat mat 33:24.
Domat steet Bierchem wéi d'Red Boys an den Aachtelsfinalle vum EHF Challenge Cup. Um Samschdeg konnte se jo schonn den Allermatch mat 26:21 fir sech entscheeden.