VIDEO: Portrait Max Funk
Jonke Volleyballer wëll an auslännescher Liga spillen
VIDEO: Volleyball: Portrait Max Funk
De jonke Sportler gëllt als talentéierte Volleyballspiller, deen och Ambitiounen huet, an d'Ausland ze goen.
De Max Funk vum VC Stroossen ass e jonken an talentéierte Spiller, deen an Zukunft och a méi grousse Lige wëll spillen.
E Mëttwoch den Owend spillt den VC Stroossen an der Coupe d'Europe de Retourmatch géint d'Profie vu Levski Sofia a Bulgarien. Heiheem gouf et d'lescht Woch eng 1:3-Defaite fir Stroossen, bei deene mam Max Funk een talentéierte jonke Spiller um Terrain steet, deen och gären eng Kéier géif an enger auslännescher Liga spillen ...

Am meeschte gelies