Handball
Diddeleng wënnt ouni Problemer zu Dikrech

© pressphoto.rtl.lu
Um Donneschdeg gouf bei den Hären eng éischt Partie vum 9. Spilldag gespillt.
Hei ka sech den HBD mat 33:13 zu Dikrech duerchsetzen. An der Paus stoung et schonn 20:5 fir d'Gäscht aus Diddeleng. Bei den Diddelenger hunn den Alexsiej Szychzkow mat 8 Goaler, souwéi den Romuald Murera an den Tom Klohe mat béid 5 Goaler erausgestach. Beschte Butteur fir déi Dikrecher war den Veli Kurtisi, dee 4 Mol, dovunner 2 siwe Meter, getraff huet.
Mat wéinege Strofe sinn d'Arbitter Rauchs a Linster auskommen, déi den Dikrecher 1 Mol Giel an 2 Mol 2 Minutte gepaff hunn, a bei Diddeleng 2 Gielkaarten an 3 Mol 2 Minutten.
Am meeschte gelies