Um Freideg den Owend war et am nationalen Dëschtennis-Championnat eng virverluechte Partie vum 10. Spilldag, dat tëscht Iechternach a Recken.

Den Tabellendrëtte vun Iechternach huet sech um Freideg méi schwéier gedoen, ewéi geduecht, dat géint den DT Recken.

Am éischten Eenzel hat de fréiere Landesmeeschter Traian Ciociu keng gréisser Problemer fir sech mat 3:0 géint de Mike Kraus duerchzesetzen. Net esou gutt gelaf fir Iechternach ass et am zweeten Eenzel. Den Evgheni Dadechin huet sech do, an engem knappe Match iwwer déi voll Distanz vu 5 Sätz, misse mat 2:3 géint de Martin Bratanov geschloe ginn.

An der nächster Partie war et d'Neioplag vun der Finall vum Kriterium bei de Junioren. Deemools konnt den Iechternacher Eric Thillen sech duerchsetzen an den Titel fir sech beusprochen. Ma déi Kéier gouf et dat bessert Enn fir de Joao Aguiar, de Reckener konnt d'Partie mat 3:1 fir sech entscheeden a Recken esou mat 2:1 a Féierung bréngen.

Kuerz dono konnt de Kevin Kubica awer duerch eng Victoire géint de Louis Gira nees ausgläiche fir Iechternach. Uschléissend gouf et awer déi nächst Iwwerraschung. De Martin Bratanov huet sech kloer a ganz iwwerraschend géint den Traian Ciociu behaapt, dat mat 3:1. Iwwerdeems huet den Evgheni Dadechin, ewéi erwaart kloer géint de Mike Kraus gewonnen.

Déi lescht zwee Eenzel, esou ewéi den Dubbel sinn alleguerten un Iechternach gaangen, esou dass si um Enn mat 6:3 géint Recken wannen. De Kevin Kubica an den Eric Thillen konnte sech géint de Joao Aguiar, respektiv de Louis Gira duerchsetzen an am Dubbel war d'Koppel Dadechin/Thillen ze staark fir d'Koppel Gira/Aguiar.