Um Samschdeg gouf de kompletten 9. Spilldag am nationalen Dëschtennis-Championnat ausgedroen.

De Spëtzenduo huet sech och um 9. Spilldag net iwwerrasche gelooss. Diddeleng iwwerrennt den Opsteiger Éiter/Waldbriedemes mat 6:0 an den Houwald klappt Recken ouni den Irfan Cekic mat 6:2. Hueschtert/Foulscht fënnt erëm zu aler Stäerkt a Bäerbuerg wënnt géint eng schwaach Equipe vun der Union.

Éiter/Waldbriedemes - DT Diddeleng 0:6

De Champion Diddeleng huet um Samschdeg Näischt ubrenne gelooss bei de klorer 6:0-Victoire géint den Opsteiger vun Éiter/Waldbriedemes. Den Opsteiger konnt nëmme 5 Sätz fir sech entscheeden. De fréiere Landesmeeschter Daniel Wintersdorff huet sech knapps a 5 Sätz géint de Mike Bast, deen Enn der Saison ophält, misse geschloe ginn. Den Thibaut Besozzi verléiert och a 5 Sätz géint de Gilles Michely. De Fernand Mickaël verléiert an der leschter Partie mat 1:3 géint de zoltan Fejer-Konnerth. Domat bleift Diddeleng weider ongeschloen an hält den Uschloss un den DT Houwald.

DT Recken - DT Houwald 2:6

Den DT Houwald bleift genau ewéi den DT Diddeleng ongeschloen, dat obwuel si ouni hir Nummer 1, den Irfan Cekic ugetruede sinn. Den Houwald wënnt um Samschdeg mat 6.2 géint den DT Recken. D'Resultat ass net wierklech iwwerraschend, allerdéngs méi iwwerraschend ass, ewéi et zu dësem Resultat komm ass. An der éischter Partie gouf et keng Iwwerraschung, hei konnt de Wang Xu sech kloer mat 3:0 géint de Mike Kraus behaapten. Déi zweet Partie ass allerdéngs aneschters verlaf ewéi geduecht. Den Ademir Balaban konnt sech hei kloer mat 3:0 géint de Martin Bratanov duerchsetzen.

Uschléissend huet de Marc Dielissen onerwaart knapps mat 3:2 géint de Louis Gira gewonnen. An der véierter Partie gouf et dunn déi éischt ganz grouss Iwwerraschung. De jonke Joao Aguiar, dee schonns um Freideg eng ganz déck Victoire géint den Eric Thillen feier konnt, konnt um Samschdeg a 5 Sätz den Cheng Xia bezwéngen. Déi nächst Iwwerraschung an dëser Partie huet net laang op sech waarde gelooss. De Mike Kraus konnt sech kloer an 3 Sätz géint den Ademir Balaban duerchsetzen, deen 29 Plaze besser klasséiert ass an der Verbandranglëscht. Déi lescht dräi Eenzel sinn allerdéngs alleguerten un den Tabelleleader gaangen, esou dass den Houwld um Enn dann awer kloer mat 6:2 gewënnt.

Hueschtert/Foulscht - DT Iechternach 6:3

Eng spannend Partie gouf et um Samschdeg tëscht dem Tabelleleschte vun Hueschtert an dem Drëtte vun Iechternach. Am éischten Eenzel konnt den Olivier Joannes sech knapps a 5 Sätz géint den Evgheni Dadechin behaapten, dat nodeems hie mat 1:2 hanne louch. Am zweeten eenzel gouf et dunn eng gréisser Iwwerraschung. Den Tim Janssens, deen an der Virronn hannert den Erwaardungen zeréckbliwwe war, ass an der Réckronn elo richteg gutt a Form an hie konnt sech a 4 Sätz géint de fréiere Landesmeeschter Traian Ciociu behaapten.

Domat stoung et 2:0 fir den Tabelleleschten, ma do huet Iechternach zeréckgeschloen. Den Eric Thillen konnt 3:0 géint den Diego Stordeur gewannen an de Kevin Kubica hat keng Problemer géint de Joël Decker.

Ma déi zwee Belsch vun Hueschtert konnten den alen Avantage uschléissend nees hierstellen. Den Olivier Joannes wënnt iwwerraschend kloer géint den Traian Ciociu an den Evgheni Dadechin verléiert och säin zweete Match iwwer déi voll Distanz vu 5 Sätz, déi Kéier géint den Tim Janssens.

Den Diego Stordeur huet uschléissend misse géint de Kevin Kubica untrieden. De Stordeur huet dem Iechternacher hei awer keng Chance gelooss a konnt d'Lokalequipe esou mat 5:2 a Féierung bréngen. Well den Eric Thillen awer mat 3:2 géint de Joël Decker wanne konnt, hunn nach missen Dubbele gespillt ginn. Hei ass awer een duergaange fir Hueschtert. D'Koppel Joannes/Janssens huet Näischt ubrenne gelooss géint Ciociu a Kubica an esou wënnt Hueschtert säin zweete Match fir dës Saison a verléisst domat déi lescht Plaz an der Tabell.

DT Bäerbuerg - Union Lëtzebuerg 6:3

D'Union deet sech weiderhin ouni den Arlindo de Sousa ganz schwéier am nationalen Dëschtennis-Championnat. Och um Samschdeg géint den Opsteiger vu Bäerbuerg sollt dat net aneschters sinn. De Mirko Habel hat an der éischter Partie vum Dag absolut keng Problemer mat engem schwaache Fabio Santomauro, deen och spéider nach géint de 35 Plaze méi schwaach klasséierte Luc Michely de Kierzere gezunn huet. Den Alexander Fischer konnt allerdéngs mat 3:0 géint de Luc Michely gewannen, dat am zweeten Eenzel, esou dass et zum Ufank nach 1:1 stoung. De Michael Schwarz huet um Samschdeg op een Neits seng Stäerkt ënner Beweis gestallt, dat duerch Victoirë géint de Jim Cloos an de Jérôme Scheuer.

De Schwaachpunkt um Samschdeg vu Bäerbuerg war wuel de Ronny Zeimes, dee seng zwou Partien, géint de Jim Cloos an de Jérôme Scheuer, verluer huet. Zesumme mam Luc Michely huet hien dëst awer duerch eng Victoire am Dubbel géint d'Koppel Cloos/Scheuer nees kompenséiert. Den Opsteiger Bäerbuerg wënnt mat 6:3 a kënnt domat nees ee Stéck méi no erun un den Drëtte vun Iechternach.