Zu Käerjéng gouf et um Sonndeg eng däitlech 19:35 Défaite géint d'Belsch.

D'Lëtzebuerger Handball Dammennationalequipe huet um Samschdeg an um Sonndeg e Frëndschaftsmatch gespillt. No der 29-36 Defaite um Samschdeg géint Yutz aus der zweeter franséischer Divisioun gouf et um Sonndeg eng 19-35 Defaite géint d’Belsch. An der Paus war d’FLH Selektioun 9-15 hannen. Di meescht Goaler fir Lëtzebuerg huet um Sonndeg zu Käerjeng d’Tina Welter (5) markéiert.