D'Lëtzebuerger Volleyballnational-Spillerinn huet sech am Spëtzematch de leschte Samschdeg doheem géint Stuttgart ganz uerg blesséiert.

E Méindeg koum d'Nouvelle, datt sech d'Annalena Mach d'Kräizbänner gerass huet.

Déi 22 Joer jonk Sportlerin aus de Reie vum VC Wiesbaden fält deemno fir de Rescht vun der Saison aus.

Dëst ass ëmsou méi schued, well d'Annalena Mach sech an de leschte Wochen nees méi Spillundeeler um Terrain erkämpft huet.