Lënster klappt d'Union, Rued eliminéiert Iechternach

Um Dënschdeg Owend waren d'Aachtelsfinalle vun der Coupe am Dëschtennis. Hei gouf et eng grouss an eng kleng Iwwerraschung.
Lënster aus der Nationale 2 klappt d'Union aus der Nationale 1 mat 3:1. Beschte Spiller um Dënschdeg war de Yannick Quaring. De jonke Spiller vum DT Lënster konnt 2 Punkte fir den Underdog markéieren. Hie gewënnt kloer 3:0 géint de Jérôme Scheuer a ganz iwwerraschend mat 3:1 géint de Fabio Santomauro. Desweidere konnt de Sébastien Bohnert sech géint d'Caroline Maas behaapten. Den eenzege Punkt fir d'Union huet de Fabio Santomauro géint den Tom Hoffmann gemaach.
Eng weider Iwwerraschung gouf et zu Rued. D'Equipe aus der Nationale 2 eliminéiert den Drëtten aus der Nationale 1. Den Eric Thillen hat ee ganz schlechten Dag erwëscht, hie verléiert géint d'Danielle Konsbruck an och déi entscheedend Partie géint d'Tessy Gonderinger. Den drëtte Punkt fir Rued konnt de Carlo Feltes géint de Laurent Boden feieren. Den Evgheni Dadechin konnt déi zwee Punkte fir Iechternach markéieren. Hie wënnt mat 3:2 géint d'Tessy Gonderinger a mat 3:0 géint d'Danielle Konsbruck. Iechternach war ouni de fréiere Landesmeeschter Traian Ciociu einfach een Tick ze schwaach.
An de weidere Partië gouf et keng gréisser Iwwerraschungen. D'Equippen aus der ieweschter Divisioun konnte kloer Victoirë feieren. Recken klappt den Ofsteiger Nidderkäerjeng kloer 3:0. Mam nämmlechte Score klappt Hueschtert/Foulscht d'Equipe vu Fiels/Haler an och den Houwald wënnt 3:0 géint Zéisseng. Bäerbuerg ka sech 3:1 géint Lëntgen behaapten an Éiter-Waldbriedemes wënnt Forfait 3:0 géint de Briddel.
De Champion Diddeleng hat ee Fräilous an huet net missen untrieden. Den Titelverdeedeger Ettelbréck hat sech jo ufanks der Saison aus der Nationale 1 zeréckgezunn a spillt dës Saison an der Promotioun. Well nëmmen d'Equippen aus der Nationale 1 an aus der Nationale 2 spillberechtegt sinn, gëtt d'Coupe ouni den Titelverdeedeger ausgedroen.
PDF: Communique vun der FLTT iwwer d'Coupe
Iwwerbléck:
Bäerbuerg 3:1 Lëntgen
Lënster 3:1 Union
Nidderkäerjeng 0:3 Recken
Fiels-Haler 0:3 Hueschtert-Foulscht
Rued 3:2 Iechternach
Zéisseng 0:3 Houwald
Éiter-Waldbredimus 3:0 Briddel