Weltmeeschter Norwegen trotz Néierlag géint Schweden weider

© twitter/ihf_info
Vum 1. bis de 17. Dezember sinn d'Weltmeeschterschaften am Handball vun den Dammen an Däitschland.
Gespillt gouf a 4 Gruppe mat allkéiers 6 Natiounen. An all Grupp huet jidderee géint jidderee gespillt an déi éischt 4 aus all Grupp hu sech qualifizéiert fir d'Aachtelsfinallen. Hei spillt ëmmer eng Equipe, déi éischt gi sinn an hirer Grupp, géint de 4. aus engem aner Grupp an den Zweeten aus engem Grupp géint den Drëtten aus der anerer Grupp.
Grupp A
Am Grupp A kënnt Rumänien trotz enger Néierlag géint Frankräich op déi éischte Plaz. D'Fransousinne kommen op déi zweete Plaz viru Spuenien a Slowenien. Angola a Paraguay kommen op d'Plaze 5 a 6 a sinn domat eliminéiert.
Equipe | Matcher | Punkten | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | Rumänien | 5 | 8 | |||||
2 | Frankreich | 5 | 7 | |||||
3 | Spanien | 5 | 7 | |||||
4 | Slowenien | 5 | 6 | |||||
5 | Angola | 5 | 2 | |||||
6 | Paraguay | 5 | 0 |
Grupp B
D'Grupp B gëtt ugefouert vun den Norwegerinnen. Den Titelverdeedeger Norwegen kënnt viru Schweden op déi éischt Plaz. Ungarn a Polen qualifizéiere sech als 3. a 4. an Tschechien an Argentinien mussen als 5. a 6. heemfueren.
Equipe | Matcher | Punkten | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | Norwegen | 5 | 8 | |||||
2 | Schweden | 5 | 8 | |||||
3 | Ungarn | 5 | 6 | |||||
4 | Polen | 5 | 4 | |||||
5 | Tschechien | 5 | 4 | |||||
6 | Argentinien | 5 | 0 |
Grupp C
Russland kënnt als eenzeg Equipe an dëser Gruppephas, déi all Match gewonnen huet, kloer op déi éischt Plaz am Grupp C. Dänemark kënnt op Plaz 2 viru Montenegro a Japan, déi allebéid 5 Punkten hunn. Eliminéiert op de Plaze 5 a 6 sinn d'Equippen aus Brasilien an Tunesien.
Equipe | Matcher | Punkten | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | Russland | 5 | 10 | |||||
2 | Dänemark | 5 | 6 | |||||
3 | Montenegro | 5 | 5 | |||||
4 | Japan | 5 | 5 | |||||
5 | Brasilien | 5 | 4 | |||||
6 | Tunesien | 5 | 0 |
Grupp D
Serbien a Russland sinn déi zwou eenzeg Equippen, déi nach kee Match verluer hunn an domat gëtt Serbien am Grupp D déi éischt, dat virun den Dammen aus Holland, déi sech am leschte Match géint Däitschland behaapte konnten an domat nach un hinne laanscht gezu sinn. Däitschland kënnt also op déi drëtt Plaz viru Südkorea. D'Equippen aus Kamerun a China goufen eliminéiert.
Equipe | Matcher | Punkten | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1 | Serbien | 5 | 8 | |||||
2 | Niederlande | 5 | 7 | |||||
3 | Deutschland | 5 | 7 | |||||
4 | Südkorea | 5 | 6 | |||||
5 | Kamerun | 5 | 1 | |||||
6 | China | 5 | 1 |
Aachtelsfinall
D'Aachtelsfinalle ginn e Sonndeg gespillt. Hei spillt Russland géint Südkorea, Japan kritt et mat de gesatenen Hollännerinnen ze dinn. Montenegro a Serbien triede géinteneen un an Dänemark trëfft op Däitschland. Spuenien muss géint den Titelverdeedeger Norwegen untrieden, d'Rumäninnen dierfte keng gréisser Problemer géint Tschechien kréien, d'Dammen aus Frankräich spille géint Ungarn an d'Schwedinne si favoriséiert géint Slowenien.