An der Véierelsfinall: Kloer Victoirë fir d'Favoritten

Um Donneschdeg Owend waren d'Véierelsfinalle vun der Coupe am nationalen Dëschtennis.
Den Opsteiger Bäerbuerg krut et an der Véierelsfinall mat der Iwwerraschungsequipe vu Lënster ze dinn. D'Equipe aus der Nationale 2 konnt an der Aachtelsfinall d'Equipe vun der Union eliminéieren. Den Tabelleleschten aus der Nationale 1 krut Besuch vun Hueschtert/Foulscht, déi ëmmer besser a Form kommen. Déi zweet Iwwerraschungsequipe vun den Aachtelsfinallen, den DT Rued hat um Donneschdeg Owend eng ganz schwéier Aufgab viru sech. D'Equipe aus der Nationale 2, déi Iechternach an der Aachtelsfinall eliminéiere konnten, huet géint déi ongeschloen Equipe vum Houwald missen untrieden. An der leschter Partie ass den Opsteiger vun Éiter/Waldbriedemes op de Champion an de Finalist vum leschte Joer, den DT Diddeleng getraff.
Bäerbuerg - Lënster 3:1
Den Opsteiger Bäerbuerg huet sech um Donneschdeg Owend am schwéierste gedoen, dat géint Lënster aus der Nationale 2. De Michael Schwarz konnt Bäerbuerg mat enger 3:0 Victoire géint de Yannick Quaring a Féierung bréngen. Uschléissend konnt de Ronny Zeimes sech an enger enker Partie mat 3:2 géint den Tom Hoffmann duerchsetzen, ier de Sebastien Bonert fir Lënster verkierze konnt, dat duerch eng Victoire géint de Luc Michely. De Michael Schwarz huet dunn awer an der 4. Partie alles kloer gemaach a Bäerbuerg kënnt och ouni de Mirko Habel an d'Halleffinallen.
Recken - Hueschtert/Foulscht 0:3
Eng ganz kloer Affär gouf et zu Recken. D'Lokalequipe ass ouni hir Nummer 1, de Martin Bratanov, ugetrueden. Fir hien ass de Joé Hoffmann an d'Equipe geréckelt. Um Enn kënnen déi Reckener sech nëmmen een eenzege Saz sécheren, dat bei der 1:3-Néierlag vum Mike Kraus géint den Tim Janssens. Déi zwee weider Punkte fir Hueschtert konnten den Olivier Joannes an den Diego Stordeur markéieren.
Houwald - Rued 3:0
D'Equipe vu Rued ass um Donneschdeg ouni d'Gewënnerin vum Kriterium, d'Danielle Konsbruck ugetrueden. De Géigner vum Houwald huet de Gäscht vu Rued, déi iwwerraschend an dës ronn komm sinn, keng Chance gelooss a wënnt kloer 3:0. Den Irfan Cekic konnt sech géint de Carlo Feltes behaapten, de Marc Dielissen klappt d'Tessy Gonderinger mat 3:1 an den Cheng Xia léisst dem Annick Stammet keng Chance.
Éiter/Waldbriedemes - Diddeleng 0:3
Den Thibaut Besozzi, deen d'Saison esou gutt ugefaangen huet, léisst ëmmer méi no. Um Donneschdeg huet hie sech kloer missen dem Christian Kill geschloe ginn. De Kevin Jäger hat iwwerdeems keng Chance géint de Zoltan Fejer-Konnerth an och de Mike Bast ka sech behaapten, dat géint den Daniel Wintersdorff. Domat wënnt Diddeleng kloer mat 3:0.