Den däitschen ass den éischten Europäer zanter 2011, dee sech op Plaz 1 an der Weltranglëscht séchere konnt.

Dee leschten Europäer war 2011 dem Ovtcharov säi Landsmann, den Timo Boll, dee schonns dräi mol ganz uewen an der Weltranglëscht stoung.

De 29 Joer alen Ovtcharov léist domat den Olympia-Gewënner a Weltmeeschter Ma Long of, deen zanter Mäerz 2015 op der Spëtzepositioun stoung.

Dëst ass, no Bronze bei den Olympesche Spiller 2012 zu London an dem Gewënn vum Weltcup am Oktober zu Léck, de gréissten Erfolleg an der Karriär vum Däitschen.

Op Grond vun Ännerunge vum Weltranglëschte-System, wou déi Spiller, déi vill op der Tour ënnerwee sinn, bevirdeelegt sinn, konnt hie sech d'Spëtzepositioun sécheren.

Den Däitschen konnt 2017 d'Europe Top 16, d'India Open, d'China Open, d'Bulgaria Open, de Weltcup zu Léck an d'German Open fir sech entscheeden.

Aktuell steet hie bei de World-Tour Finals an der Véierelsfinall, dat no enger 4:3-Victoire géint de Japaner Koki Niwa. An der Ronn vun de leschten 8 spillt hien elo géint de Lokalmatador Kirill Gerassimenko oder géint dat 14 Joer alt Wonnerkand aus Japan, den Tomakazu Harimoto.