Coupe am Volleyball
Esch huet 3:1 géint Péiteng gewonn

An der Coupe am Volleyball huet Esch 3:1 géint Péiteng gewonn.
De Samschdeg den Owend ginn déi aner 3 Partië vun de Véierlsfinallen an der Coupe gespillt. Stengefort kritt et mam Titelverdeedeger Fenteng ze dinn, Stroossen spillt géint Bartreng a Walfer huet Luerenzweiler op Besuch.
Link: Alleguer d'Matcher vun den Hären am Iwwerbléck
Bei den Dammen huet de Belair mat 0:3 géint Walfer de Kiezere gezumm.
E Mëttwoch hat sech schonn d'Gym duerch eng 3:1-Victoire zu Péiteng fir d'Halleffinall qualifizéiert.
E Samschdeg huet nach Stroossen Dikrech op Besuch an Iechternach spillt géint Stengefort.
Am meeschte gelies