2 Lëtzebuerger Dammen an den Top 100

© pressphoto Archiv
An der éischter Weltranglëscht vum neie Joer ginn et kloer Verbesserungen ze gesi bei de Lëtzebuerger Dëschtennisspiller a Spillerinnen.
Dem Eric Glod ass de Sprong vu Plaz 330 op d'Plaz 158 vun der Welt gelongen. Esou wäit uewen an der Weltranglëscht stoung schonns länger Zäit kee Lëtzebuerger Här méi. Den zweetbeschte Lëtzebuerger ass hei den amtéierende Landesmeeschter Luka Mladenovic. Hie steet op Plaz 194 an der Weltranglëscht an huet sech domat och ëm vill Plaze verbessert, virdu stoung hien op Plaz 423.
Bei den Damme sinn d'Resultater nach besser. D'Ni Xia Lian bleift nach ëmmer déi bescht Lëtzebuergerin, ma si kritt mëttlerweil staark Konkurrenz. Dat aus engem ganz einfache Grond: d'Sarah de Nutte, dat am Dezember nach op der 145. Plaz stoung, mécht ee risege Sprong a steet elo op Plaz 64 vun der Welt. Nach eng Damm ass ënnert de beschten 300 Spillerinne vun der Welt vertrueden, dat ass d'Danielle Konsbruck. D'Spillerin vum DT Rued steet op Plaz 285.