Iechternach souverän, Union fënnt zu aler Stäerkt zeréck

Den Traian Ciociu an Iechternach konnten e Samschdeg ewéi erwaart géint Bäerbuerg gewannen. / © pressphoto Archiv
E Samschdeg waren zwou Partië vum 11. Spilldag am nationalen Dëschtennis-Championnat.
D'Union, déi an dëser Saison intern an domadder och sportlech mat Problemer ze kämpfen haten, stoungen e Samschdeg virun der Partie géint Éiter/Waldbriedemes ënner Drock. An der zweeter Partie krut de staarken Opsteiger Bäerbuerg et mam DT Iechternach ze dinn.
Éiter/Waldbriedemes - Union Lëtzebuerg 4:6
An der éischter Partie vum Dag gouf et direkt eng spannend Partie mat engem éischter iwwerraschende Resultat. De Fabio Santomauro, deen d'nächst Joer jo bei den DT Diddeleng wiesselt, konnt sech a 5 Sätz géint de Fernand Mickaël duerchsetzen. Och déi zweet Partie ass un de Stater Veräin gaangen, den Alexander Fischer wënnt kloer 3:0 géint de Kevin Jäger. D'Olga Nemes, dat den Thibaut Besozzi e Samschdeg ersat huet, konnt an hirer Partie géint de Jérôme Scheuer eng kloer 3:0-Victoire feieren an esou op 1:2 verkierzen. Iwwerdeems konnt de Jim Cloos awer op een Neits d'Féierung vun der Union ausbauen, dat duerch eng kloer Victoire géint de fréiere Landesmeeschter Daniel Wintersdorff. Éiter/Waldbriedemes huet sech awer nach ëmmer net geschloe ginn, de Fernand Mickaël, d'Nummer 1 vun Éiter/Waldbriedemes konnt sech mat 3:2 géint d'Nummer 1 vun der Union, den Alexander Fischer behaapten. De Fabio Santomauro, deen an der éischter Partie schonns ganz staark opgespillt huet, konnt seng Form halen a konnt esou och géint de Kevin Jäger gewannen. De Jim Cloos konnt uschléissend d'Olga Nemes, déi zweemol mat der däitscher Equipe d'Europameeschterschaft gewonnen huet, bezwéngen. Zu enger enker Partie koum et och tëscht dem Daniel Wintersdorff an dem Jérôme Scheuer, allerdéngs huet sech hei d'Erfarung am Entscheedungssaz duerchgesat an de Wintersdorff konnt dee Saz mat 11:2 fir sech entscheeden. Beim Stand vu 5:3 fir d'Union goufen dunn d'Dubbele gespillt. D'Koppel Jäger/Nemes konnt 3:1 géint de Jim Cloos an de Jérôme Scheuer gewannen an esou konnt Éiter/Waldbriedemes op 4:5 verkierzen, allerdéngs hunn de Fernand Mickaël an den Daniel Wintersdorff sech misse géint d'Koppel Fischer/Santomauro geschloe ginn an esou wënnt d'Union mat 6:4 géint Éiter/Waldbriedemes.
DT Bäerbuerg - DT Iechternach 3:6
D'Partie hat wuel villverspriechend ugefaange fir den Opsteiger vu Bäerbuerg. De Mirko Habel konnt am éischten Eenzel vum Dag kloer 3:0 géint de Kevin Kubica gewannen. Méi Grond zum feieren, gouf et an der zweeter Partie, dat well de jonke Michael Schwarz sech hei net nëmme gutt geschloen huet géint den Traian Cicoiu, mee hie konnt esouguer gewannen an huet Bäerbuerg mat 2:0 a Féierung bruecht. Uschléissend gouf et awer zwou Victoirë fir Iechternach, déi domat ausgläiche konnten. Hei konnt den Evgheni Dadechin géint de Luc Michely an den Eric Thillen géint de Ronny Zeimes gewannen. Den Traian Ciociu ass dunn nees un den Dësch getrueden an déi Kéier huet hien et besser geléist, well hie gewënnt am 5. Saz géint de Mirko Habel a bréngt Iechternach domat a Féierung. Dat huet dem jonke Michael Schwarz vu Bäerbuerg awer guer net geschmaacht an hie konnt duerch eng Victoire géint de Kevin Kubica nees fir den Ausgläich suergen. Duerno sollt d'Equipe vu Bäerbuerg awer kee Punkt méi realiséiere kënnen. Den Evgheni Dadechin an den Eric Thillen hunn allebéid hiren Eenzel gewonnen an och zesummen hu si am Dubbel géint d'Koppel Zeimes/Michely gewonnen, esou dass Iechternach um Enn mat 6:3 gewanne kann.