Chris Zuidberg verléiert säin éischte Match mat Bühl

Am Volleyball, Handball a Basketball waren e puer Lëtzebuerger um Samschdeg am Ausland aktiv.
Fir de Chris Zuidberg war et um Samschdeg den éischte Match mat Bühl an der éischter Däitscher Bundesliga am Volleyball. An de leschte Méint huet hien seng Grondausbildung an der Arméi gemaach an ass elo an der Sportsektioun vun der Arméi. Wéinst der Arméi huet hien den Ufank vun der Saison nach zu Lëtzebuerg gespillt an ass elo eréischt an Däitschland gewiesselt. Schlussendlech verléiert hien awer mat 1:3 géint Lüneburg.
An der belscher Coupe am Volleyball huet de Kamil Rychlicki säi Veräin Maaseik mat 16 perséinleche Punkte bäi der 3:2 Victoire géint Roeselaere an d'Finall gefouert. Nodeems Maaseik elo den Titelverdeedeger eliminéiert huet, steet just nach Aalst am Wee zum éischten Titel fir 2018. D'Finall an der belscher Coupe gëtt e Sonndeg um 19.30 Auer zu Gent gespillt.
An der 2. Dammenhandball Bundesliga hunn di Tréierer Miezen mat 32-31 géint Werder Bremen gewonnen. Di Lëtzebuerger Nationalspillerin Tina Welter huet fir Tréier 5 Mol markéiert.
An der éischter Hollännescher Divisioun am Basket gewënnt den Alex Laurent mat Den Helder Suns mat 84:74 géint Apollo Amsterdam. De Lëtzebuerger huet dobäi 19 Punkten a 4 Assists beigedroen.
An der zweeter däitscher Bundesliga am Basket verléiert den Thomas Grün mat 85:94 géint Orange Academy vun Ulm. De Lëtzebuerger stoung 17 Minutte um Terrain an huet 2 Assists beigedroen.