Bei den Hären, wéi bei den Dammen, stoung um Samschdeg Matcher um Programm.

Hären

Bei den Häre ka sech Luerenzweiler knapps mat 3:2 (13-25, 25-21, 17-25, 25-21, 14-16) zu Dikrech duerchsetzen. Bartreng klappt Fenteng mat 3:1 (25-21, 30-28, 23-25, 25-19). Stroossen gewënnt däitlech mat 3:0 (25-23, 32-30, 25-22) zu Walfer an Esch klappt Péiteng och kloer mat 3:0 (25-23, 25-15, 25-18).

Dammen

Bei den Dammen ka sech Mamer däitlech mat 3:0 (25-11, 25-13, 25-18) duerchsetzen. Mam nämlechte Resultat gewënnt och Walfer géint Stroossen (25-11, 25-17, 25-17). Stengefort verléiert zu Dikrech och mat 0:3 (15-25, 21-25, 17-25) an den Gym sëtzt sech mat 3:1 (25-18, 25-19, 23-25, 25-21) géint Péiteng duerch.