E Mëttwoch goufen d'Damme vu Walfer am CEV Challenge Cup no engem 0:3 am Retourmatch géint den Titelverdeedeger Bursa eliminéiert.

Walfer hat och am Retourmatch vun de 1/16-Finalle am Challenge Cup keng Chance géint Bursa aus der Tierkei. Fir d'Lëtzebuergerinne gouf et am Retourmatch och nees eng 0:3-Defaite.

Den éischte Saz huet ee mat 12:25 missen ofginn. Den zweeten an den drëtte Saz hunn d'Lëtzebuergerinne missen op 14 an 18 ofginn.

Domadder ass d'Aventure vum Challenge Cup fir d'Damme vu Walfer eriwwer.