An engem Bréif hate 14 vun 21 Veräiner Neiwale vun der Sectioun Karate gefuerdert. D'Tamara Schuh huet iwwerdeems aus dem Karate-Comité demissionéiert.

Déi lescht Méint huet et an der Lëtzebuerger Karate-Zeen zolidd rumouert. Iwwer net Selektioune fir d'Weltmeeschterschaft bis grouss Ënnerscheeder bei der Unzuel vun Stemme vun de Veräiner bei Walen. An Zukunft soll nees dat Sportlecht am Virdergrond stoen, dofir huet den Comité Directeur vun der FLAM e Méindeg d'Handbrems gezunn.

AUDIO: Neiwalen am Karate / Reportage Jeff Kettenmeyer

Dëse Comité ronderëm de President vun der FLAM Serge Schaul huet decidéiert, fir an der Sektioun Karate Neiwalen z'organiséieren. Et wier déi eenzeg Méiglechkeet, fir e bësse Rou an de Karate ze kréien a sech do nees op de Sport ze konzentréieren. Et wéilt een nämlech mam Sport Schlagzeile maachen an net mam Ierger.

An de leschte Méint goufen et wuel Gespréicher an Diskussiounen tëscht der FLAM an dem Comité aus der Sektioun Karate, ma wierklech eppes dobäi eraus komm ass net. Och d'Decisioun fir Neiwale kéint bei deem engen oder anere vun de Responsabelen aus dem Karate net immens gutt ukommen.

Dat Thema vun den Neiwalen ass net nei an et ass een do schonn e puer Méint am gaangen, wou et ëmmer erëm Diskussioune gouf. Et gouf Gespréicher mam Affekot vun der FLAM a mam COSL, fir sech iwwert déi schwiereg Statuten z'informéieren.  Et ass méi komplizéiert, well d'Federatioun jo an Eenzelsportaarten opgedeelt ass. Et gi verschidden Usiichten an der Saach, präziséiert de Serge Schaul, an elo muss ee kucken, wéi de Karate dorobber reagéiert.

Och a puncto Stëmmverdeelung bei Wale gëtt et am Karate nach een aner System, wéi bei allen aneren Membersportaarte vun der FLAM, seet de President Serge Schaul. De Karate ass déi eenzeg Sektioun an der Federatioun, déi kee Reglement huet. Dat heescht, do ass et illimitéiert, e grousse Club kann also mat ville Leit op d'Wale kommen. Dat féiert dann dozou, datt, wann 3 grouss Veräiner sech zesummesetzen, kënne si emol entscheeden, wéi déi Walen ausginn.

Et dierf een also gespaant sinn, ob a wéini dës Neiwalen am Karate sinn, dem President vun der FLAM no awer esou séier, wéi méiglech.

Um Dënschdeg den Owend war et dunn nach d'Nouvelle, dass d'Tamara Schuh aus dem Karate-Comité a sämtleche Kommissiounen demissionéiert huet. Si kéint mat deem Comité net méi zesummeschaffen.