E Méindeg den Owend um 21 Auer ass zu Budva a Montenegro d'Erëffnungszeremonie vun den 18. Spiller vun de klenge Länner.

Op enger Pressekonferenz huet de Chef de Mission Alwin de Prins e Méindeg de Moien matgedeelt, datt de Volleyballspiller Kamil Rychlicki bei der Erëffnungszeremonie de Lëtzebuerger Fändeldréier ass.

AUDIO: Extrait Alwin de Prins

Fir de Volleyballer ass et eng grouss Éier, datt hien erausgesicht ginn ass, fir d'Lëtzebuerger Delegatioun unzeféieren.

AUDIO: Extrait Kamil Rychlicki (1)

Domadder gerechent hat hie selwer net.

AUDIO: Extrait Kamil Rychlicki (2)

De Lëtzebuerger Profivolleyballer spillt mëttlerweil an Italien. No enger Saison bei Ravenna wiesselt hien déi nächst Saison bei Lube Civitanova. Hei huet hien en 2-Joreskontrakt (mat enger Optioun op en 3. Joer) ënnerschriwwen.

Den 22 Joer jonke Rychlicki hat d’lescht Joer seng éischt Saison an Italien bei Ravenna gespillt a gouf direkt fënneftbeschte Scorer vun der ganzer Liga.

Säin neie Veräin Lube Civitanova huet dëst Joer d'Champions League gewonnen.