E Sonndeg gouf et souwuel am Damme- wéi och am Härebasket eng Premier - d'Supercup gouf ausgedroen.

Hären-Supercup

Etzella - T71 Diddeleng 85:69 (35:35)

An der Hären-Supercup stounge sech d'Etzella an den T71 Diddeleng géigeniwwer. Den 1. Quarter war ausgeglach an op béide Säite gouf versicht, gutt an de Match ze starten.  Am weidere Verlaf krut d'Etzella ee klengt Lach vun e puer Punkten, ma den T71 huet sech virun der Paus awer zeréck gekämpft, soudatt et mat engem 35:35 an d'Kabinne goung.

Ettelbréck koum besser aus der Paus, huet ee klengt Lach kritt an den 3. Véierel schliisslech 63:54 fir sech konnten entscheeden. Diddeleng huet am leschte Quarter de Fouss net méi an d'Dier kritt an d'Etzella missen ewechzéie loossen. De Virsprong fir d'Ekipp aus dem Däich ass gewuess an um Enn konnt Ettelbréck d'Generalprouf eng Woch viru Saisonsoptakt däitlech mat 85 op 69 gewannen.

Dammen-Supercup

Gréngewald - Steesel 63:74 (32:44) 

An der 1. Finall vum Dag stounge sech bei den Dammen de Gréngewald a Steesel géigeniwwer. D'Amicale ass als Favorit an de Match gaangen an huet dës Roll an den éischten 2 Véierel gutt erfëllt. Ënnert dem Impuls vum Esmeralda Skrijelj sinn déi Steeseler Damme mat engem 44:32 an d'Paus gaangen. Och am 2. Duerchgang war d'Ekipp aus dem Gréngewald de Steeseler ënnerleeën, soudatt den Titel fir d'Amicale um Enn verdéngt war.

Dammen-Basket: Steesel kropt sech d'Supercup
D'Amicale huet vun Ufank un den Toun uginn an dem Gréngewald keng Chance gelooss.
VIDEO: Basketball - de ganze Match am Replay
D'Ekipp aus dem Gréngewald war de Steeseler ënnerleeën, soudatt den Titel fir d'Amicale um Enn verdéngt war.