De Weekend ass den Optakt vum nationale Championnat

Den Eric Jeitz stoung dem Jeff Kettenmeyer als Expert zur Säit.
D'Etzella huet d'lescht Saison den Doublé realiséiert an zielt och dës Saison als Toppfavorit.
Donieft komme virum allem zwou Ekippen a Fro, fir ee Wiertche matzeschwätzen.
D'Etzella huet all d'Lëtzebuerger Pilieren an den eegene Reie gehalen. Déi grouss Fro, déi sech stellt, ass wéi béid nei Amerikaner an d'Ekipp passen.
Dës Saison hu mir beim Eric Jeitz, dee kierzlech seng Basket-Schong un den Nol gehaangen huet, nogefrot, wéi hien déi aktuell Situatioun vun de Veräiner gesäit, ugefaange mat der Etzella
"Si hunn d'Ekipp zesummegehalen, een Trainer, deen d'Liga kennt, d'lescht Saison hate se zwee Amerikaner, déi gutt gepasst hunn, dës Kéier muss ee kucken, wéi déi zwee nei sech ergänzen.", esou den Eric Jeitz.
Fir den Eric Jeitz komme mat Diddeleng an Esch virun allem zwou Ekippen a Fro, fir der Etzella ee Been ze stellen. "Zwou Ekippen, déi och déi lescht Joren ëmmer uewe matgespillt hunn, vill decisiv Matcher gespillt hunn, Confiance hunn an och op alle Positiounen gutt besat sinn. Déi kommen a Fro, wann Titele vergi ginn."
Mat Steesel huet hien eng Partie Titele gesammelt, ma dës Saison gëtt et bei der Amicale een Neiopbau.
"Vill Spiller, déi virun 2-3 Joer mat Titele gewonnen hunn, sinn net méi do. Fir den Neiopbau maachen ech mir awer keng Suerge fir d'Zukunft, well si bekannt si fir déi gutt Jugendaarbecht a wäerten deen een oder anere Spiller erausbréngen."
Dacks komme béid Opsteiger als éischt a Fro, fir nees erauszefalen, dës Saison ass dat dem Eric Jeitz no e bëssen anescht.
"Ech mengen, datt dat dëst Joer mat Konter net de Fall ass, si sinn net schlecht besat. Si hunn och Spiller mat Nationale-1-Erfarung an ech gesi si éischter am Top 6."
Um éischte Spilldag stécht virun allem d'Partie tëscht dem T71 Diddeleng an der Sparta eraus. Dem Eric Jeitz no kéinten déi Bartrenger déi positiv Iwwerraschung vun der Saison ginn.