De Kenianer Joseph Mbatha huet déi 58. Editioun vun der Route du Vin zu Réimech gewonnen. Bei den Damme war seng Landsfra Joyce Kiplimo déi Séierst.

Zu Réimech goufen dann och d'Lëtzebuerger Championen am Semi-Marathon gesicht. Bei den Hären huet de Bob Bertemes säin Titel verdeedegt. Hien huet sech virum Pol Mellina an dem Christophe Kass behaapt. De Yonas Kindé gouf iwwerdeems Champion de la Fédération.

Bei de Lëtzebuergerinne war wéi zejoert d'Martine Mellina déi Séierst virum Liz Nepper an dem Anouk Krieps.

Weider Fotoen op pressphoto.rtl.lu.

Hären

1.Mbatha josef Nzoki (Ken)1:03,14

2. Mibei Dominic Kipngeno (Ken)

3. Chumba Bethwel Kibet (Ken)

Lëtzebuerger Championnat

1.Bob Bertemes

2. Pol Mellina

3. Christophe Kass

Dammen

1. Kiplimo Joyce Jemutai (Ken) 1:11,52

2. Fabienne Königsten (Ger)

3. Mercy Njoroge (Ken)

Lëtzebuerger Championnat

1. Martine Mellina

2. Liz Nepper

3. Anouk Krieps