D'Resultater vun all de Partien am Eenzel vum Dënschdeg am Iwwerbléck.

Nodeems d'Mandy Minella e Méindeg aus dem 1. Tour vum Haapttableau géint d'Tschechin Denisa Allertova eliminéiert gouf, goung et um Dënschdeg weider.

Wat ass en Dënschdeg geschitt?

D'Andrea Petkovic konnt sech op der Kockelscheier um Center Court an 3 Sätz géint Camila Giorgi aus Italien duerchsetzen. Déi Däitsch Spillerin, déi jo well zanter ville Joren op der Kockelscheier opschléit, huet den 1. Saz mat 0:6 komplett verschlof. Den 2. an den 3. Saz konnt d'Andrea Petkovic dunn awer jee mat 6:4 gewannen.

Och d'Sorana Cristea aus Rumänien ass weider. Si huet an 2 Sätz mat 6:3 a 6:4 géint d'Pauline Parmentier aus Frankräich gewonnen. Iwwerdeems huet d'Monica Puig aus Puerto Rico mat 6:1 a 6:0 kuerze Prozess géint d'Franséisin Fiona Ferra gemaach. Och eng Ronn weider ass d'Kasachin Ele Rybakina. Si huet sech 6:2 an am Tiebrake géint d'Chloé Paquet aus Frankräich behaapt. Iwwer 3 Sätz 4:6, 7:5 a 6:2 konnt sech d'Laura Siegemund aus Däitschland géint d'Marta Kostyuk aus der Ukrain duerchsetzen.

Am däitschen Duell tëscht der Antonia Lottner an der Tamara Korpatsch war déi éischtgenannten déi Stäerkst. Si huet sech an 3 Sätz 4:6, 6:3 a 6:2 géint hir Géignerin behaapt. D'Elise Mertens aus der Belsch war iwwerdeems an 2 Sätz mat 6:0 a 6:3 ze staark fir d'Bibiane Schoofs aus Holland. Eng Blessur huet d'Partie tëscht dem Alison Van Uytvanck an der Gewënnerin vum WTA-Kockelscheier vun 2006, dem Monica Niculsecu entscheet. D'Hollännerin war am 1. Saz 4:2 vir, huet awer missen am weidere Verlaf opginn - esou koum d'Rumänin eng Ronn weider.

De weidere Programm op RTL

BGL BNP Paribas Luxembourg Open: 1/4-Finallen
Freideg den 18. Oktober vun 12h un déi éischt 2 1/4 Finallen mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Muller
vun 18h un déi 2 aner 1/4 Finallen mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Kremer - Programm vum 2. RTL

BGL BNP Paribas Luxembourg Open: 1/2-Finallen
(mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Muller)
Samschdeg, 19. Oktober vu 14h un - Programm vum 1. RTL

RTL Sport Spezial: Tennis
Samschdeg, 19. Oktober um 19h00 - Programm vum 1. RTL

BGL BNP Paribas Luxembourg Open: Finale
(mat Kommentar vum Franky Hippert a Gilles Muller)
Sonndeg, 20. Oktober vu 15h00 bis 17h30 - Programm vum 1. RTL