Op der Handball-Europameeschterschaft an Éisträich, Norwegen a Schweden ass e Mëttwoch den Owend d'Virronn op en Enn gaangen.

Hei gouf et dann och schonns déi eng oder aner kleng Iwwerraschung. Hei en Iwwerbléck vun der Virronn.

Grupp A

Kroatien konnt sech als Gruppenéischte souverän fir déi nächst Ronn qualifizéieren. Si konnten hir 3 Matcher souverän fir sech entscheeden. Déi zweete Plaz goung u Wäissrussland, déi et domat och an d'Haaptronn gepackt hunn. Eliminéiert si Montenegro a Serbien.

Grupp B

Am Grupp B konnt Éisträich sech déi éischte Plaz an der Tabell sécheren. Och si konnten 3 vun 3 Matcher gewannen. Déi zweete Plaz war fir Tschechien. Nordmazedounien an d'Ukrain hunn de Sprong an déi nächst Ronn verpasst.

Grupp C

Spuenien huet am Grupp C dominéiert. Si komme souverän op d'Plaz 1, dat virun Däitschland, déi deels Krämpes haten, esou zum Beispill géint Lettland. Déi drëtte Plaz ass fir Holland an déi lescht fir Lettland.

Grupp D

Am Grupp D gouf et dunn déi ganz grouss Iwwerraschung. Do ass et nämlech den Out fir Frankräich. De fréieren Europa- a Weltmeeschter huet nämlech an der Gruppephas géint Portugal a géint Norwegen verluer. D'Victoire géint Bosnien an Herzegowina huet dunn och näischt méi bruecht. Norwegen a Portugal qualifizéiere sech nämlech fir d'Haaptronn, Frankräich ass eraus.

Grupp E

Och am Grupp E kann ee vun enger Iwwerraschung schwätzen, do hunn et d'Hären aus Dänemark nämlech net gepackt, fir weider ze kommen.  Géint Island hu si verluer a géint Ungarn nëmme gläichgespillt. Domat sinn d'Ungaren an d'Islänner weider an Dänemark a Russland eraus.

Grupp F

D'Slowenen an d'Schwede kënne sech och iwwer déi nächste Ronn freeën, si konnte sech nämlech virun der Schwäiz a Polen behaapten.

Wéi geet et virun?

An der Haaptronn ginn elo déi Ekippen, déi weiderkomm sinn, an zwou Gruppe vu jeeweils 6 Ekippen opgedeelt. Hei spillt jidderee géint jiddereen (wann een an der Virronn schonns géintenee gespillt huet, ginn dës Resultater iwwerholl), woubäi sech um Enn déi zwee Éischt aus béide Gruppe sech fir d'Halleffinall qualifizéieren.

Grupp I: Kroatien, Spuenien, Éisträich, Tschechien, Däitschland a Wäissrussland.

Grupp II: Norwegen, Ungarn, Slowenien, Schweden, Portugal an Island.