De Schwäizer Tennisspiller Roger Federer huet mussen um rietse Knéi operéiert ginn a fält dowéinst bis Juni aus.

Dat huet den 38 Joer alen Tennisprofi op de soziale Medie matgedeelt.

Wéinst där Operatioun verpasst de Federer d'Tournoie vun Dubai, Indian Wells, Bogota, Miami a Roland Garros.