Et ass de Yérime Sylla. Den 51 Joer ale Fransous, huet ënnert anerem schonns déi Belsch Nationalekipp trainéiert.

An senger Trainer-Karriär war hien als Cheftrainer op folgende Plazen aktiv: Nationalekipp Kuwait, Cesson Rennes MHB, Nationalekipp Belsch, Nationalekipp Belsch, US Dunkerque HB.

Dobäi war hien ënner anerem 1 mol Coupegewënner a Frankräich.

Hien huet e Kontrakt op 1 Joer mat enger Optioun op 1 weidert Joer.

Schreiwes vum Handball Käerjeng

Den HB Käerjeng ass frou säi neie Chef-Trainer vu senger Härenequippe virzestellen.

Den Yérime SYLLA huet 51 Joer, huet déi franséisch Nationalitéit an huet en A Trainer Diplom an ass och EHF-Mastercoach.

A senger Trainer Karriär war hien als Cheftrainer op folgende Plazen aktiv: Nationalequippe Kuwait 2019 bis Februar 2020, Cesson Rennes MHB 2014 bis 2018, Nationalequippe Belsch 2015 bis 2018, Nationalequippe Belsch 2011 bis 2014, US Dunkerque HB 2006 bis 2012.

Dobäi war hien 1x Coupegewënner a Frankräich, 1x 3. an 3x 4. am franséische Championnat, 2x ¼-Final EHF-Cup (mat Dunkerque).

Als Spiller huet hie bei HBCV Lille Métropole, Livry-Gargan HB, UMS Pontault-Combault, US Dunkerque HB, Villeurbanne HA, Thonon Evian HB an Evian Sport Handball gespillt. Hien huet och 23 A-Lännermatcher fir de Senegal gespillt.

Hien huet e Kontrakt op 1 Joer mat enger Optioun op 1 Joer. Offiziellen Trainingsufank ass den 3. August, virdru kréien d'Spiller awer en individuellen Trainingsplang fir sech och nees physesch a Form ze bréngen.

Mär wënschen dem Yérime vill Erfolleg an eisem Club.