De Samschdeg de Moie war zu Uewerkuer den uerdentleche Kongress vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun.

De Comité Olympique huet sech entschëllege gelooss.

Am Mëttelpunkt stoungen d’Wale vum Conseil d’Administration a vum President. De Romain Schockmel war deen eenzege Kandidat op seng Nofolleg als President.

Nodeem den Dokter 4 Joer laang un der Spëtzt vun der Federatioun war, gouf de fréieren Handballprofi par Acclamation op sengem Poste confirméiert wéi och allgemeng déi 14 Leit vu senger Ekipp, also dem Conseil d’Administration.

De Representant vum Sportsministère Laurent Deville huet um Kongress ënnerstrach, datt bis de 25. Juli laut Texter kee Kontaktsport erlaabt ass. Wann d’Gesetz da séier geännert gëtt, ass den Datum fir d’Reprise vum Hären-Handballchampionnat, dee fir de 5. September geplangt ass, zwar méiglech awer ganz knapp.

De Laurent Deville huet duerchblécke gelooss, datt et awer eventuell méiglech wier, an den nächsten Deeg mat neien Ouverturen ze rechnen.

Dës Saison gëtt jo bei den Häre mat 10 Ekippe gespillt. Ob Spectateuren an den Hale wäerte si fir den Ufank vun der Saison, ass och nach guer net kloer.

Déi finanziell Situatioun vun der Federatioun ass zefriddestellend. D’Konte sinn am Equiliber. D’Scholden, déi viru 5 Joer ganz grouss waren, si quasi op Null.

Fir den Agenda 2020-2024 oder d’Roadmap goufe ronn 50 Punkte presentéiert. De Benevolat ass natierlech wichteg, mä méi Professionalismus gëtt an d’A gefaasst fir ze progresséieren an dat op alle Niveauen.

Iwwer intensiv Jugendaarbecht bei Meedercher a Jongen an och international Kontakter sollen d’Nationalekippe vun de Senioren international Plazen am Ranking gewannen.

Natierlech ass de 75. Anniversaire vun der FLH, deen am Verlaf vun der nächster Saison wäert gefeiert ginn, och en Thema gewiescht.

Wéi gewinnt op den Kongresser goufe verschidde Statuten à jour gesat.

Am Ganzen huet de Kongress gutt zwou Stonne gedauert an ass ouni Eclat ofgelaf. Déi nächst Assemblée générale wäert an engem Joer zu Gréiwemaacher sinn.