Den Dominique Gradoux gëtt neien Directeur Technique an Coordinateur vun der Jugend zu Déifferdeng.

Am Handball stelle sech d'Red Boys fir d'Zukunft nach méi professionell op. Den Dominique Gradoux, laang Joren Directeur Technique vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun, gëtt elo neien Directeur Technique an Coordinateur vun der Jugend zu Déifferdeng.

Wat d'Transferten fir d'nächst Saison uginn, huet ee sech mat 3 auslännesche Spiller, 3 aus der eegener Jugend, an zwee jonke Spiller vun Esch respektiv vu Käerjeng verstäerkt.