Enn vum Joer spillt d´Handball-Dammen-Nationalekipp d´Pre-Qualifikatioun fir d´Weltmeeschterschaft.

E Mëttwoch war d'Auslousung an d'FLH-Selektioun kritt et mat Israel, der Slowakei an der Ukrain ze dinn. Fir d'Kapitänin vun de der Ekipp, d'Tina Welter, kee ganz attraktive Grupp, dofir awer ee ganz schwéieren.

D'Tina Welter iwwer d'Auslousung

"Et ass natierlech ee ganz haarde Grupp, deen do op eis duerkënnt. Mir haten eis sécherlech deen een oder anere Géigner méi gewënscht wéi elo d'Slowakei an d'Ukrain. Et ass eng Erfarung fir eis a mir wäerte probéieren, all Match esou gutt wéi méiglech ofzeschléissen an déi beschte Resultater erauszespillen."