Weider Géigner sinn d‘Ukrain de 5. Dezember an d'Slowakei de 6. Dezember.

An der 1. Qualifikatiounsphas fir d'Dammen-Handball-WM, déi dat anert Joer a Spuenien ass, spillt d‘Nationalekipp hiren 1. Match de 4. Dezember géint Israel. Dat huet d‘FLH e Mëttwoch am Nomëtteg matgedeelt.

Weider Géigner sinn d‘Ukrain an d‘Slowakei. Dës Matcher ginn de 5. respektiv 6. Dezember gespillt.

Zanter Mëtt August ass gewosst, dass deen Tournoi hei am Land gespillt gëtt, an zwar am Gymnase vun der Coque.